REFRAIN : Ech hun mäin Frang verluer
"Wou ass en dann? Wou ass en dann?"
Ech hat der just e puer
Ech sin dach nët blann.
1) Gëschter loung en nach um Dësch
„Fënns e nët, fënns e nët"
Oder war en an der Täsch ?
Ech wees et nët.
REFRAIN
2) Huet een v'lläicht mäi Frang geklaut ?
„Ka gut sin, ka gut sin“
Wéi eng Sau huet sech getraut ?
Streech wärt et gin.
Ech hun kee Nerv méi,
ech hun keng Gedold méi.
Sin rosen, well ech hun mäin Frang verluer.
Ee Gedeesems fier e Frang,
et ass dach schliesslech keen Hochzäitsrank.
REFRAIN
3) Hun ech se dann nët méi all ?
„Hues d’eng lass ? Hues d’eng lass ?"
Gesicht hun ech iwerall
Non di kass.
REFRAIN
4) Wou ass dann mäin Talisman ?
Hei elei, kuck elei.
Has du all di Zäit mäi Frang ?
Mei o mei.
Ech hat kee Nerv méi,
ech hat keng Gedold méi.
War rosen, well ech hat mäin Frang verluer.
Du has mier däin Frang geléint,
vergiess hues du dat ewéi et schéngt.