1) Kënnt mol e Belsch, de Belsch ass bei eis ganz zefridden,
well op all Eck, do kritt hien ëmmer seng Lieblingsfritten.
REFRAIN :
Kommt an eist Land eran, hei gitt dier frou
- Well bei eis kënnt dier alles hun, gitt eis all är Suen
Dier fannt hei alles fier de Gomm an och fier ze kucken
Wann der gitt, macht w.e.g. d’Dier vun baussen zou.
2) Kënnt ee Fransous, hien schwätzt nëmmen säin schéint franséisech
Hien an d’Madame, elegant sin sie an ëmmer héiflech.
REFRAIN
3) Am Eisleck, hei ass et schéin, ech wëll d'Eisleck halen an Ei-ei-ren.
hei ass d'Loft nach sou räng an ech kann meng Rou hei hun.
Op eisen héigen éislecker Koppen géi bis op Veinen spazéiren
a wanns du mol Honger verspiers, da géi bei den Hunn.
Musel, géi op d’Musel, iwerall kriss du ee Pättchen
--- Géi dach op eis Musel, a looss dech zervéiren vum Kättchen, a Prost !
-- Hamen, misler Wengchen, alles wats de kanns verdro'n
---- Loos dech hei verwinnen, dofier brauchs de nët an d’Ausland ze go’n.
4) Kënnt mol e Preiss, hien ass ëmpech a nët presséiert
Hien huet sech verlaf, deemols war d'Rees jo organiséiert.
REFRAIN