Mäin Frënd de Baam, hien steet eleng
Deemols gesat, dunn war hien nach kleng
Hien ass gewues, ass gin e Riis
Gët lo besicht vun Réi an Fiis.
Kënnt op Besuch, säin Frënd de Wand
Wien kännt en nët, dem Stuerem säin Kand ?
Hien klappt nët un, duerch d Kroun hien bleist
Oh wat eng Freed, oh wanns du weist !
Mäin Frënd, de Baam, mäin Frënd, de Wand
Glécklech zu zwee, sie hun sech well fond
Prägen d Natur fier d Eiwegkeet
Hun d’Liewen sou méiglech gemeet
Hun d Liewen méiglech gemeet
méiglech gemeet.