DIR KRITT MECH NET, ECH SIN SYNDIKEIERT
1) Säit Gewerkschaftler ech sin
Ech d’Welt anescht versin
Ka mech nët beklon
Ka kee mech verklon
Säit ech Gewerkschaftler sin.
2) Op der Arbecht ass déck Loft
De Chef ass nët Lara Croft
Hie mengt hien iert sech nie
An hëllt ouni avis
Falsch Entschedungen allze oft.
REFRAIN
Nee! Dir kritt mech nët, well ech sin syndikéiert
Dir kritt mech nët, ech sin syndikéiert
Dir kritt mech nët, well ech sin syndikéiert
Bis den Doud mech hëllt
Bis den Doud mech hëllt
3) Verseet de chef, da gët gebrëllt
Et versteet keen wat e wëll
Vun der réceptioun
Bis an d’Directioun
Do sin d’Leit all total mëll.
4) Och dem Ländchen geet et schlecht
Hues de Suen, kriss de Recht
Keng Demokratie
Mee Technologie
Wien nët matmecht deen hat Pech.
REFRAIN
5) Hei bléist et warm a kaal
Ët reent och iwerall
Ouni Prabeli
Gëtt deng mise en plis
Duercherneen an och nët al.
6) Bass de arem oder räich
Onzefridden och zugläich
Pass od d’Luuchten gin aus
A mier fléien raus
Aus dem Luxus-Paradäis.
REFRAIN