Eis léif Regierung schafft, wann se grad Loscht huet
Hei ans do „Hei ans do, nëmmen hei ans do“
Corinne Cahen, naïv hëlls du-u d’Wuert
Onerfahrend Garer Meedchen do.
Eis léif Regierung ass sie do ?
Hei ans do „Hei ans do, nëmmen hei ans do“
Asselborn, du bass ëmmer off-shore
Hues gestridden mam Salvini, merde alors !
Eis léif Regierung: rout, gréng a blo
Rout a blo „Rout a blo, rou-out, greng a blo“
Hansen Marc a-an Turmesse Claude
Mat iech zwee si mer nach am mansten geplot.
Eis léif Regierung ass sie nët schéin ?
Hei ans do „Hei ans do, nëmmen hei ans do“
Wien gouf dann zum Minister gekréint ?
Well si haten guer keng Platz méi am Zoo.
Eis léif Regierung ass se nët flott ?
Hei ans do „Hei ans do, nëmmen hei ans do“
Nicolas Schmitt, du-u bass zwar polyglott
Fier op Bréissel wars de baal ze doof.
Eis léif Regierung ass ekolo-o-resch
O jee „O jee, o-o jeminee“
'platz ze rette-en eise-e Bësch
Hällt sie fest un Steiren à la CO2.
Eis léif Regierung ass ëmweltbewosst
Hei ans do „Hei ans do, nëmmen hei ans do“
Sie setzt op Stroum, da-at ass jo gewosst
Mee wou huele mer all deen Stroum dann lo ?
Eis léif Regierung ass ëmmer um Ball
Hei ans do „Hei ans do, nëmmen hei ans do“
Wien hëllt sech Zäit, huet e Bauer mol eng Fro?
Schneidesch Rom vum développ’ment rural.
Eis léif Regierung ass frou mam Pierrot
Hei ans do „Hei ans do, nëmmen hei ans do“
Huet de Gram mol een Budgetsdéfizit
Hun schon munneg Leit vun him eng Kierzung kritt.
Eis léif Regierung ass ugepisst
Hei ans do „Hei ans do, nëmmen hei ans do“
Daniel Kersch, du-u fréire Kommunist
An den Aan vun der Kirch bass d’eng eenzeg Plo.
Eis léif Regierung ass sie domm ?
Hei ans do „Hei ans do, nëmmen hei ans do“
Fiers de privat ma-am Dënschtau-auto
Kriss du wéi eist Françoise eng op d’Bomm.
Eis léif Regierung war näi-äischt ouni sie
Hei ans do „Hei ans do, nëmmen hei ans do“
Schneiderli a Betteli
Wat war dier eng artlech Koppel do.