Ech hun gebraucht mol een Zertifikat.
Hun en online op der Gemeng bestall
Ech hun eng Äntwert iwer email erwart.
Wat ech kritt hun hat ech guer nët gewollt.
„Wéinst dem Datenschutz wëss der, dat geet dach guer nët.
Et ass sou dass den courrier mat der Post geschéckt gët.“
REFRAIN:
Du därfs nët alles fier bor Mënz huelen
Awer du muss deng Steiren bezuelen.
Iwerall Inkohärenz an Blödsinn gëtt verzapt.
Haut ass just nach staunen erlabt.
Ech wollt mäin Auto remplacéieren,
Hun am show-room mech do mol ëmgesin.
“Dier musst an d Zukunft investéieren.
Een Elektro, nëmmen dat därf et gin!“
“An dee ville Stroum, soot mer, wou huelen mer deen ?”
“Ma mier bauen Wandmillen, dat ass kee Problem.“
Et ass dach fier ze katzen, an et kann dach baal nët sin,
dass mir alleguer vun hinnen fier blöd gehalen gin.
Iwerall Inkohärenz an Blödsinn gëtt verzapt.
Haut ass just nach staunen erlabt.