1) Ech gesin är Kricher, mei o mei.
Ech verstin nët: woufier Streiderei ?
Mënsch, wat wëlls du domat so’n ?
Kënnt dier iech da nët verdro-on ?
Ech gesin äre misère, mei o mei.
2) Ech gesin är Ëmwelt, mei o mei.
Ech gesin eng eenzeg Sauerei !
Et heescht: „ Loos sie dach gewärden. “
Mee ech fänken un ze färten.
Dier macht mier alles futti, mei o mei.
3) instrumental
4) Ech gesin, är Aan gin op, mei o mei.
Ech gesin nach Hoffnung do an hei.
Well e klengen Virus bréngt
Zur Vernunft iech wéi et sché-éngt.
Ech gesin nach Hoffnung, mei o mei.