INTRO
1) Wou sin mier nach sécher ?
Iwerall gin e lauter Kricher.
Fierwat nët léiwer liesen Bicher ?
So mier fierwat.
100.000 Waffen
Aplatz ze krichen, solle mer schaffen
Fierwat se nët zu Schrott verschaffen ?
So mier fierwat.
2) 100.000 Stäeren
Och wann et puer Milliarden wären
Fierwat hun mier grad eis Äerd sou gären ?
So mier fierwat.
Well mier hun just dës eng Äerd,
fier se ze schützen ass et der Wäert.
Vierwat huet d’Vernunft sech nët bewert ?
Da so mier fierwat.
Et wier dach vill méi schéin
wann keen deem aneren säin Däiwel wier
Et wier dach vill méi schéin
Wann mier alleguer méi bescheiden wier’n
Privat awer och op der Arbecht.
3) Gëschter am Schoulhaff
Do huet et e Meedchen déif getraff.
Mee fierwat sin d’Kanner lo betraff ?
Da so mier fierwat.
Well seng Hautfarw ass
Jo anscheinend schwarz: eng aner Rass.
An hëlleft dann keen him aus der Klasse ?
Da so mier fierwat.
4) D’Land ass nët gut drun.
Mier hun gläich kee Waasser méi am Krunn.
Wien huet Google dann un Land gezun ?
Da so mier fierwat.
D’Elektrizitéit
Déi gëtt lues a lues eng Raritéit.
Fierwat dann dës Imbécilitéit ?
Da so mier fierwat.
5) Mier schaffen produktiv
Eis Wirtschaft ass vill ze intensiv
Fierwat sin mier nët méi extensiv?
Da so mier fierwat.
Mier kaafen all zevill.
Betruechten eis Ëmwelt wéi e Spill.
Wou bleiwt dann eist gut aalt Bauchgefill ?
Da so mier fierwat.
Et wier dach vill méi schéin
wann keen deem aneren säin Däiwel wier
Et wier dach vill méi schéin
Wann mier alleguer méi bescheiden wier’n
Privat awer och op der Arbecht.
PAUS
D’Land ass nët gut drun.
Mier hun gläich kee Waasser méi am Krunn.
Wien huet Google dann un Land gezun ?
Da so mier fierwat.
D’Elektrizitéit
Déi gëtt lues a lues eng Raritéit.
Fierwat dann dës Imbécilitéit ?
Da so mier fierwat.