1) Ass de Beemchen schon gerëscht a schéin adrett ?
Ass de Rudi an säin Schlitt dann och schon prett ?
Säin Adrenalin gëtt nët manner.
Hien fiert duerch de Schnéi bei d’Kanner.
An hien bréngt den Elt'ren Fridden an och Gléck.
Den Daag ass komm fier ze wënschen: „Schéine Chrëschtdaag alleguer."
Freet Iech well Chrëschtdaag bréngt Besënnung Iech fier haut a muer.
2) Mier so’n merci Rudi, merci Papp a Mamm.
Et ass kaal dobaussen, Rudi komm eran.
Wëlls du vläit eng gut warm Taas Kaffi ? Oder hues du léiwer Téi ?
Well et ass därs extra gudden, därs vum Séi.
Den Daag ass komm fier ze wënschen: „Schéine Chrëschtdaag alleguer."
Freet Iech well Chrëschtdaag bréngt Besënnung Iech fier haut a muer.